Daat kuckt dach keng Sau mei. Emmer dei selwescht arm Perseinlechkeeten dei soss naischt maan wei ze jeimeren an ze maulen datt alles schlecht ass an sou weider.
An dann emmer deen selweschten Stil:
1 Sunnyboy deen den "Här vum Haus" ass an un deen sech all dei aaner riichten
1 Peppchen, wou all Mensch denkt: Waat ass daat en leift, an an Wirklechkeet huet hatt et fauschtdeck hannert den Oueren!
1 Psychegt labil Framesch wou een mengt et geiff sech all Moment vum Conteiner geheien wann een net leif matt em ass...
1 Weib waat einfach keen Gehiir huet, naif, dobei absolut keng Darseinsberechtigung!!
D'Quoten faalen, waat maan mer: Mir schecken eng Moss eran waat plaakesch duscht, seet et wir Sexsüchteg an sech no 3 Deeg en Dildo an d'Haus bestellt well et op Enzug ass. Wei domm ass een Mensch deen daat oofkeeft? Ass dach alles verkaaf.
Dann hun mer nach den "Quoten-Türk". Deen ass nemmen do fir dei 45% an Daitschland liewend Türken matt uruffen ze lossen, fir datt Endemol alt e bessi un Geld verdengt. Spillt absolut keng Roll am Haus.
Genausou wei den "Quoten-Schwulen". Zu deem genau daat selwescht wei bei den Türken. Wien um Gottes wellen well wessen wei deem sain Alldaag oder seng Bettwäsch Moies frei ausgeseit? Denk mol driwwer no!
All dei aaner Leit dei nemmen do sin fir daat Lach vun Haus opzefellen, dei freiher oder speider souwisou erausfleihen. Interesseiert keng Sau!
An dann nach, op keen Fall ze vergiessen: Daat Framensch waat "dobaussen" een Frend huet, sech awer no enger Woch een Stecher am Haus hellt. Alles datt d'Leit eppes ze schwätzen hun, an sech Suergen em deen aarmen Bouf maan deen nokucken muss wei een seng Frendin fläddert.
Wou sin dei Leit hin matt Perseinlechkeet à la Zlatko an Jürgen, John an "der Nominator", Alida oder den Rocker-Harry??
No der 2ter Staffel hätt schon missten Schluss sin, et huet emmer nemmen oofgebaut. Ween erennert sech dann nach un BB IV? Oder "Das Dorf"! Eng Staffel dei endlos daueren sollt, dei no pur Wochen oofgesat gouf well et net gekuckt gouf..
Deem ass naischt mei dobeizefügen, e Format waat emmer erem oplieft an direkt nees ennergeet. Hoffen datt mer no desser Staffel endlech matt BB verschount bleiwen.
____________________
