mich3l
Stickman 
Beiträge: 785
|
Erstellt: 13.12.04, 13:21 Betreff: Re: Nintendo |
|
|
NINTENDO DS US. RELEASE
Mettlerweil ass den DS jo an Japan an der USA ze kreien, an dodurch kann een elo genau opzielen wat en alles kann! Wichteg awer: Fier Europa soll eng besser Versioun eraus kommen, wou en puer Bugs behuewen gin, an hei wärt een en och am schwarzen kreien!!! Mol eng keier wou Europa "der lachende Dritte" ass!
Ech mengen dei Sachen wei dass den DS 2 Bildschirmer huet an een dovunner Touchscreen ass, muss ech kengem mei soen!
Dei nei Ideen mierkt een direkt sou baal een den DS opklapt! Mat engem gudden "BLING" Toun am Stereo (!) Sound get een begreisst! Den DS huet 2 Lautsprecher dei wirklech gudd klengen an et mierkt een gudd dass et ab elo Stereo ass! Ausserdem kann den Sound Chip vum DS "Virtual Surround Sound" erzeugen, wouduerch mat z.b. extra Kopfhörer een Surround Sound Gefill opkennt! Den DS huet och elo 2 Sloten fier Spiller anzestiechen! Ennen een groussen fier all dei aal Spiller (vun GB-GB SP), an uewen een nemmen halef sou groussen fier dei kleng nei Speicherkaarten! D Siller keeft een iwregens an klengen DVD Boxen dei veiereckeg sin, wou Platz fier nei an aal Spiller ass! En Mikro huet den DS och, anzwar fier Sprocherkennung! Domader sollen sech awer och aner witzeg Sachen ermeiglechen, sou kann een z.b. iwert den DS blosen, an eng Kerz geet um Bildschirm aus!
Nodems den DS un ass, kennt een an een Haaptmenu! Do huet een niervt enger Auer an Kalenner, verschidden Meiglechkeeten, wei z.b. wat fier een Spill een starten well, optionen, an den "PICTO CHAT"!!! Met deem ass et meiglech iwert W-LAN mat anneren DS Spiller ze chatten oder Biller ze schecken! An et muss een dobei soen dass den W-LAN bis zu 30 Meter weit geet (och an engem Haus) Ausserdem ges du dengem DS elo een Numm (Nickname) deen dann automatech an all Spill iwerhol get!
Een ganz starken Punkt vum DS deen dem PSP keinnt Geneck briechen ass den Touchscreen! Nintendo huet wirklech gudd Ideen wat een alles domader kann unfenken! An ausserdem ass en excellent fier Ego-Shotter! praktech genau sou gudd wei eng Maus um PC! An wei geet dat? Ma um ierwechten Bildschirm geseit een d Spill, mam Steierkreiz geet een durch Geigend, an um eneschten Bildschirm fiert een mam Stylus hin an hier an domader zielt een dann och oder wierselt Waffen! Muss een am besten Gesin hun mee leist sech anscheinend mega gudd spillen!
Zum Europa Start vum DS sollen anscheinend 60 Spiller mat eraus kommen, an dobei wirklech schon en puer excellent Titelen! An genau wei beim GBA an GBSP ass et erem meiglech mat engem Spill zu puer leid spillen ze kennen, allerdengs soll dat des keier vill mei angesat gin, an och besser spillbar sin! Baal all Spill soll een Muliplayer deel hun (zuguer deen gudden aalen Mario 64 kann een mat engem Spill zesummen mat 4 Leid spillen)!
Bei eis kennt den DS am 1. Quartal 2005 eraus woubei Experten op den März tippen!
Sou dat geet elo mol duer, wann nach eppes fehlt dann schreiwen ech dat an engem 2en Deel!
Mee wat halt dier dann vum DS??? Besser wei den PSP??? Wien wärt dier iech kaafen???
 picto chat.bmp (31 kByte, 126 x 84 Pixel)
speichern
|
|