Et ass esou weit! Nintendo huet elo den Kontroller fier den Nintendo "Revolution" fiergestallt. An en ass wirklech revolutionär gin!
Ausgesin:
Den Controller geseit un sech aus wei eng ganz normal Fernbedienung, mat just en puer Knäppecher engem Steierkreiz an den bekannten A+B Buttons. Standard Farw ass weiss, allerdengs soll et en herno och nach an allen meiglechen Farern gin.
Wat kann en?
Mat der Helef vun zwee Sensoren dei lenks an riets vum Fernseher opgebaut gin, kennen all Bewegungen dei een mat der Hand (an den Controller) mecht genau um Bildschirm emgesat gin. Dobei erkennt den Controller zuguer fier, hannen, lenks, riets, rob, rof, sou wei Kippbewegungen.
An wat brengt dat?
Dei besten Meiglechkeet dat eraus ze fannen ass sech einfach den Teaser video unzegkucken. Mee un sech macht der alles genau sou wei an der Realiteit och. Wann der mam Schwert kämpft dann kämpft der mam Kontroller. Geseit vielleicht um Unfank en bessen komech ass, soll sech awer enorm gudd spillen lossen.
Ech kann nemmen unroden sech den Video unzekucken!!! Deen weist am besten wat alles meiglech soll sin! Ech sin mei wei gespannt op den Controller. D Revoultioun kann kommen!
Et get nach vill iwert den neien Controller ze erzielen. Een ganzen Artikel fann der ennert desem Link hei: IGN Artikel
Update: d Videoen sin elo richteg verlinkt