|
Betreff |
Autor |
Datum |
|
Back
Hallllooooo?!
|
mich3l |
28.10.09, 15:39 |
|
DTM 2007
Fier dei wou et verpasst hun, hun ech hei emol nom Video vum Crash gesicht deen haut beim 1en Rennenvun der neier Saison an der 1er Ronn geschitt ass. Kengem Fuerer ass eppes echtes geschitt (ausser Prellungen asw.)
Den Video ganz kucken, well dei bestern Perspektiven (Onboard vum GaryPaffet an vun fier) kommen erreicht ganz zum Schluss
Video
|
mich3l |
22.04.07, 23:17 |
|
Nintendo Wii
Fier all dei wou nach nie mat der neier Konsol vun Nintendo gespillt hun hei een klengt Beispill wei excessiv een dat spillt: Ech sin raus - Video
Et muss een awer dobei soen, dass den Video naicht fier kleng Kanner ass, well zimlech geflucht get am Video!!!
Ajo an den Lloyd wonnert sech zum Schluss esou, well hien d Rennen obwuel hien als eenzegen iwreg war, an nemmen hät misten an d Ziel kommen, awer nach verluer huet ! Weider Videoen kommen nach no, an dann setzen mer se och op dei 1en Seit wann all d Protagonisten domader anverstannen sin?
|
mich3l |
26.12.06, 03:12 |
|
GTR 2
Denken zwar net dass heirober irgendeen eppes antwerten wert mee egal. Ech fannen dat neit Spill "GTR 2" einfach nemmen genial, och wann ech bis elo nemmen d Demo gespillt hun (d Spill kennt an engem Mound eraus). Ass sos nach irgendeen Rennspill Freak hei sou wei ech deen sech mat realistechen Simulatiounen auskennt??? Dann keinnt een hei emol en puer Zeiten austauschen. Muss och net zwingend GTR2 sin. Spillen baal all Rennspiller fier den PC. GTR2 homepage: http://gtr-game.10tacle.com/index.php?id=172&L=0
|
mich3l |
08.08.06, 02:47 |
|
Let the show begin!
Let the show begin Leider war et zimlech roueg op stickman.lu an leschter Zeit. Mee dat änert sech nees. Momentan schafft dat gesamt Team () un der nächster Versioun, dei sou vill änerungen wei nach nie wert mat sech brengen. Design an Obbau get vun Grond un nei obgebaut, an dofier hud der elo nach Zeit ons matzdeelen wat der iech vlait fier dei nei Versioun wenscht. Ob dat elo een speziellen Design, oder nei Features sollen sin ass ganz egal. Natierlech hun och mir ons Grenzen an kennen net verspriechen dat och emzesetzen mee froen kascht jo naischt. CMS Well mer an der neier Versioun mat engem CMS (Content Management System) schaffen, ass et ons meiglech ons Artikelen (Film Tipp, online fgr. asw.) vum Forum ze trennen, woudurch den Forum nees komplett frei fier all meiglech Diskusiounen ass, ouni, dass interessant Artikelen schon no 2 Deeg an der Versenkung verschwannen. Ausserdem gin d Bereicher mei kloer obgedeelt, an mat der helef vun onser "Search Engine" ass et meiglech och no mei aalen Artikelen ze sichen. VIP's Als klengen Extra wert et och meiglech sin , als "VIP Member" vun bonus features ze profiteieren. Mei veroden ech awer nach net. Leid dei Stickman.lu elo schon gudd fannen wei et haut ass brauchen keng Angst ze hun. All Momentan Features bleiwen erhal oder gin verbessert. Mee trotzdem wären mer frou wann der geift beim Vote mat machen wat eren momentanen lieblings bereich ass:
|
mich3l |
11.02.06, 00:55 |
|
Köln Check
Ech hun mer geduecht fier dass Stickman Community och en bessen eppes dovunner huet dass mer elo zu Köln sin, kann een hei froen stellen wat Köln ungeet. Ganz egal wat! Ob een elo well wessen wei den Dom ausgeseit, oder wat grad esou neies an den Buteker ze fannen ass. Natierlech schreiwen mer och selwer Sachen eran wann et eppes neies get. Sou kann een zu Köln schon seit Wochen d xbox 360 bewonneren an untesten. Oder welt der leiwer wessen wat fier een Kreschtmaart am flotzten ass?
|
mich3l |
03.12.05, 17:31 |
|
Stickman goes Köln
Wei der secherlech matkrutt, war et an leschter Zeit en bessen mei roueg ob Stickman.lu. An dat wert och leider dei nächst Deeg sou bleiwen. Well dei komplett Stickman Crew hieren Firmensetz op Köln verleet , besteet an den nächsten Deeg keng Meiglechkeet nei Sachen ze schreiwen. Allerdengs probeieren mer sou schnell et geet nees online ze goen an dann nach besser wei virdun ze sin (neien Design). An freet iech, well ab dann hun mer secherlech mei ze berichten wei bis elo. Also bis geschwenn an ech hoffen dass dann en puer Leid vun iech an den nächsten Deeg en bessen eppes schreiwen, fier dass weingstens en bessen eppes lass ass!
|
mich3l |
07.11.05, 00:23 |
|
GIGA Games Roadshow Pics
Hei sin d Photoen vun der GIGA Games Roadshow 2005 dei den Samsden zu Mainz war! Mir sin extra gudd 2 Stonnen Auto gefuer, fier se kucken ze goen, an et war wirklech mega cool, dei Sendung Live nozekucken. Eng mega Stemmung, an eng excellent Show. An d Moderatoren sin am wirklechen nach vill mei cool, wei se an der Sendung schon sin. Och vlott ze gesin, wat se sou alles machen wann grad Reklamen sin, oder wei et hannert den Kameraen vun enger Live Show ausgeseit.
|
mich3l |
31.07.05, 22:02 |
|
Stickman ICQ Liga?!
ALSO: Wat geift dier dovunner halen, wann mer online geifen eng kleng "Stickman ICQ Liga" geifen ofhalen? Wat ass dat?: Majo deen wou well matmachen breicht sech just "ICQ Xtraz" erofzeluden, an schon kann een online geint Kolegen (oder Feinden) entweder "Pool" oder "RPS" Spillen. D Resultater geifen dann online Veröfentlecht gin, an dat ganzt geif dann eng kleng Liga gin, oder een Turneier. Dat ganzt ass zimlech onkomplizeiert, an ICQ hun warscheinlech souwiesou dei mechten, (wann net et ass just een klengen Download) dofier awer zimlech witzeg an spasseg. Ech froen leiwer op iwerhapt leid geifen matmaachen, net dass ech alles elo organiseieren, programeieren asw, an herno machen just 2 mat! Also git er Stemm of.
|
mich3l |
18.07.05, 14:29 |
|
Screenshots
Hei kommen an Zukunft emol en puer Screenshots vun Spiller asw. dran. An ech fenken emol un mat GTA San Andreas: Bei der PC Versioun ass jo den Vierdeel, dass wann een am Spill mam Photoapparat eng Photo mecht, dei och an engem Uerdner an den "Eigene Dateien" als .jpg gespeichert gin. An hei presenteieren ech iech en puer vun mengen lieblings Photoen. (dei lescht ass mein CJ wei en grad am Moment ausgeseit).
|
mich3l |
06.07.05, 12:15 |
|
Tour de France
Hun mer geduecht esou een Thema wier fier dei nächst 3 Wochen net oninteressant. Also ech kucken den Tour de France gaeren, mee wei ass et mat iech? Net dass ech elo hei emmer schreiwen an et interesseiert keen Schwein
|
mich3l |
04.07.05, 16:31 |
|
Next Generation Konsolen
Elo mat den bessen ofstand zur E3, kucken mer mol , wat fier eng Konsol bei den Leid fier leid?! Ok, dat ganzt ass nach zimlech schweier anzeschetzen, well nach net vill gewost ass iwert PS3 an praktech guer naischt iwert den Revolution! Just bei der XBox 360 wees een wat een ze erwarden huet! Hei een ganz klengen Resume wat een bis elo wees: XBox 360: -Iwer 9Ghz Rechenleeschtung -Kabellos Controller -Groussen Wert get op den Online Modus geluecht -PSP, PC , iPod, an aner Geräter kennen direkt un d XBox ungeschloss gin ( iPod kann bei zb. rennspiller als Radio ansetzen) -Wieselbar Cover Designs -Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen -Kennt am Hierscht 2005 eraus Ps3: -Cell Chip deen emdei 10 Ghz huet -Kabellos "bananen" Kontroller -Stark Spiller (GT, GTA, Metal Gear,...) -Online Modus -Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen -Kennt am Freijoer-Summer 2006 eraus Revolution: -Et kann een sech online all aal Spiller downloaden an spillen (NES-N64) -Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen (-den Design ass nach net deen Finalen, genausou wei den Numm "Revolution") (-anscheinend entweckelen se grad een "revolutionären" neien Kontroller) (-Keng Infomatiounen zur Leeschtung oder zu Spiller) -Kennt irgendwann 2006 eraus! (Freijoer-Hierscht) Sou an elo zu menger Meenung: Natierlech sin ech schon enorm gespannt wat Nintendo do brengen werd, an ech sin mer zimlech secher, dass ech mer dat Gerät werd kaafen (op Nintendo ass verlos). Bei deen aner 2 ass am Moment d X Box 360 mein Favorit!!! Sie geseit einfach nemmen mega cool aus an huet vill Features. Ausserdem kommen och do excellent Spiller eraus, dei eng ebensou excellent Grafik hun! An sie kennt vill mei frei eraus wei all dei aner, also kann ech een sech roueg eng XBox kaafen an dat huet een nach emmer genug Zeit fier op dei aner ze spueren! Zumols well d XBox wann se eraus kennt Grafech nach besser ass wei een PC, während et nach esou laang dauert bis dei aner eraus kommen, sou dass d PCen bis dohinner ophuelen (Epic huet ungekenescht, dass en se d Grafik vun UT 2007 fier den PC werten opbesseren nodeems d Spill fier d Ps3 kennt) An wat fier eng fand dier am besten?
|
mich3l |
27.05.05, 14:34 |
|
LTAM Schoulfest 2005 Photoen
Hei den Link zur Online Galerie vum Schoulfest Schoulfest Photoen An iwert d Schoulfest diskuteieren kennt der och direkt hei machen!
|
mich3l |
24.05.05, 19:58 |
|
E3 - 2005 : News
E3 - 2005 : News Anplatz emmer nei Themen opzemaan, kommen all News vun der E3 hei eran! Hei ass alles gemescht (Xbox360, PS3, NIntendo Revolution,...), allerdengs machen ech eng fierselektioun vun den besten Themen! - Nintendo stellt den "Gameboy Micro" fier! Allerdengs handelt et sech net emm een komplett neien Handheld, mee just em een "Facelift" vum GBA! Et soll deen klengsten Gameboy sin deen et jemols gouf, an een LCD Display hun, deen besser ass wei deen vun der PSP! Screenshot ennert dem Artikel.
- Dei 1en Gerüchter iwert den Preis vun der PS3 tauchen schon am Internet op, an emmer mei Saiten schwetzen vun engem Preis vun 465$!!! Domader wier d PS3 dei deiersten Konsol dei et jemols gouf! Wat allerdengs och ze verstoen wier wann een bedengt, dass d PS3 35 mol mei stark ass wei d PS2. Bis elo gouf awer nach naischt offiziel bestätegt!
- Tony Hawk kennt fier den DS eraus. Un sech elo keng wahnsinns News, allerdengs muß een sech emol deen Video unkucken, an staunen wat fier eng Grafikpracht mam DS meiglech ass!!! Tony Hawk DS - Video
- Anscheinend sollen all dei Biller dei bis elo vun der XBox 360 gewisen goufen bei weitem net potenzial weisen, dei, dei nei Konsol huet! Sou soll op der Presentatioun d XBox nemmen mat 1er vun sengen 3 CPU gelaaf sin! Falls dat den Fall ass dierften mer gespannt sin op nei Biller!
- Nintendo huet nach en puer Informatiounen zu sengem Nintendo Revolutioun bekannt gin! Net nemmen dass d Konsol ultra kleng ass, an och DVD filmer sou wei Gamecube Spiller kann ofspillen, sou soll et herno och meiglech sin, online sech aal Nintendo Spiller (NES- N64) gratis op seng Konsol ze lueden an ze spillen! Ausserdem soll d Grafik "WOW" sin. An wat och typech Nintendo ass: Den Revolution kennt vum 1en Daag un an verschidden Farwen eraus! Screenshots ennert dem Artikel.
|
mich3l |
18.05.05, 09:12 |
|
PS3
Jo, jo! haut um 1 Auer huet Sony op enger Konferenz am fierfeld vun der E3 d Playstation 3 fiergestallt!!!! D Konsol heescht och elo offiziel Playstation 3 oder eben PS3. Ennert dem Artikel fand der och dei 1en Biller vun der Konsol (dei flott ausgesaeit, awer net esou flott wei d XBox 360) an vun engem Kontroller (deen ech guer net schein fannen!) dei wei bei der XBox kabellos sin! Sos get et nach net vill neies ausser puer Spiller dei ungekenscht goufen (GTA, Metal Gear Solid,...) An dass d PS3 eng Grafik hinzauberen soll dei 2 mol sou stark wei dei vun der XBox ! Een 1en Screenshot fand och hei ennert dem Artikel (nee dat ass net fiergerendert, dat ass Echtzeit!!!!) Weider Informatiounen fand dier ennert : PS3 Artikel An dei 1en Videoen fand dier op www.gametrailers.com (och alles echtzeit!) An dann ab elo schein hei driwer diskuteieren, wat dier vun der PS3 haalt!
|
mich3l |
17.05.05, 08:52 |
|
King of Queens
Et wonnert mech, dass ech bis elo nach nie eppes iwer King of Queens geschriwen hun?! Imerhin ass KoQ eng vun mengen absoluten Lieblings Sendungen! Am Moment ass jo grad dei neisten Staffel ungelaf (season 7) an ech muss soen bis elo ass se excellent! Zumols dei wou den Doug den Herzinfakt fiertäuscht war genial! An elo gouf och bestätegt, dass et eng 8en Season wärt gin! Allerdengs war dat ganzt wuel net esou einfach well den Kevin James (Doug) krutt elo een Vertrag vun 500.000$ ! An dat pro Foleg!!! An ausserdem d Recht an mei Filmer kennen matzespillen. Dat geseit ganz dono aus wei wann dat dei lescht geif gin, well et dono warschenlech einfach ze deier get, d Schauspiller ze behaalen! Naja warden mer mol of, an geneissen dei neisten Season dei am Moment op Kabel 1 leeft!
|
mich3l |
10.05.05, 10:33 |
|
Spectacular Images
Hei ass eng original Photo vun engem Sandsturm deen grad durch den Irak zitt! En ass net gefeierlech, en hannerleist just eng Schicht Sand op allem, wat ronderem leit (Heiser, Autoen, Leid, ...)
|
mich3l |
28.04.05, 09:30 |
|
!!! 10'000 Klicks !!!
Juhuuuu!!!! Den Moien genau um 09:06 sin ech selwer den 10'000 sten Besicher vun Stickman.lu gewiecht!!!! Ok ech gin zou ech hun 3 mol missten refreshen Mee trotzdem, Stickman gouf elo insgesamt 10'000 mol opgeruf, an ech fannen fier dass dat ganzt just aus Spass ungefang huet (an och elo emmer nach ass!) ass dat schon guer net esou schlecht! Hoffen dass et an Zukunft nach genau sou gudd wert weider goen, mee macht iech keng Suegen, dei nächsten Idee ass schon an der Mach! soul elo dierft och dier eppes zu Stickman.lu soen!
|
mich3l |
27.04.05, 09:15 |
|
Saturday Nightfever Baal -Photoen
Fier all dei wou d Photoen vum Baal wellen gesin ass hei den Link!
[url=http://stickman.s01.user-portal.com//baal/index.html] Photo's [/url]
An fier dei wou eng Photo an enger besserer Qualiteit wellen , einfach d Nummer vun der Photo un [email protected] schecken!
Wann der welt iwert d Photoen oder den Baal diskuteiern, voila onsen Forum ass Ideal dofier!!!
|
mich3l |
24.04.05, 18:31 |
|
Photoshop
Maan emol eng Kategorie op fier SELWER gemachen Photomontagen! Wann een eng aner fend dei en gudd fend kann en se jo bei den "Pics" uploaden! Majo ech fänken dann emol mat enger vun mir un :D Naischt extraes mee ass jo och erreicht dei 1en!
|
mich3l |
21.04.05, 16:14 |
|
DTM 2005
[b][size=18]DTM 2005[/size][/b]
Desen Weekend ass et erem sou weit an DTM fängt erem um Hockenheim un!
Lang huet et gedauert mee elo geet et endlech erem lass. An dat mat 3 Ex-Formel 1 Fuerer! Nierft dem Jean Alesi an dem Heinz Harald Frentzen dei schon dei lescht joeren gefuer sin, kennt dest Joer den Mika Häkkinen dobei. Et gespannt sin wei en sech hallen wert
Awer dat geeilsten dest Joer dieften wuel d Audien sin! Kuckt iech emol dei 2 Biller un sot mat net dei wären net mega geil!!!! :eek: :eek: :eek:
An wat halt dier dann vun der DTM?
|
mich3l |
15.04.05, 15:21 |
|
Wat halt dier vum neien Design ?
Ech wier frou wann der me er Meenung geint soen. :)
D Emfro leeft eng Woch lang, an dono get dann desideiert op den Design bleiwt oder net!
|
mich3l |
13.04.05, 15:36 |
|
Wei geet dat hei?
Sou hei kennt der elo Biller uploaden dei net an den Pics Bereich passen. Dat ass zb. wann een eng Sammlung Biller huet dei en all well beieneen uploaden an dann vlait nach en Text well dobei setzen. (vun engem Event, Vakanz, aus der Schoul,....)
|
mich3l |
09.04.05, 16:20 |
|
Adobe Creativesuite 2
[b][size=18]Adobe Creativesuite 2[/size][/b]
Adobe huet elo bekannt gin, dass ab elo eng nei Creative Suite eraus ass. Dat heecht ennert annerem Photoshop CS 2 an Illustrator CS 2!
An ech muss soen et sin zwar elo net mega vill nei Features dobei komm, mee dei puer hun et an sech. Photoshop an Illustrator gin em Funktiounen erweidert, dei engem verschidden Sachen wirklech vill mei einfach maan. Zumols Sachen dei an der Perspektiv sin, kann een elo besser mam Photoshop verschaffen. Ausserdem versteet den Photoshop d .ai Files besser an wann een se elo importeiert behalen se hier qualiteit, an gin erreicht dann emgewandelt wann een se als Bild ofspeichert. Klengt elo komplizeiert, ass awer einfach wann een et geseit ;)
Fier all Features am Iwerbleck an weider Infos gidd einfach op:
http://www.adobe.com/products/creativesuite/main.html
[i]ps.: den Preis fier dei nei CS Versioun ass 1200$[/i]
|
mich3l |
06.04.05, 10:41 |
|
Nintendo DS
Wat den Snoopy-Doopy kann, kann ech och! :D En Thread nemmen iwert den DS!
Ech fenken dann och emol un mat engem Link op eng Sait wou een Typ kleng Animatiounen weist dei hien mat Helef vum Pictochat gemach huet! (Pictochat ass den Chatprogramm vum DS mat deem een aner Leid kleng Biller oder texter kann schecken!)
Zur Technik: En huet einfach Bild fier Bild gemolt, an dann einfach herno erof gescrollt durch dei ganz Biller. Durch Vitesse beim scrollen entsteet dann eng Animatioun aus den eenzel Biller.
Kuckt einfach den Link:
http://nobullet.deviantart.com/
|
mich3l |
24.03.05, 10:18 |
|
Viva la Bam
[b][size=18]Viva la Bam[/size][/b]
Ech wollt emol wessen wat dier vun der Sendung halt???
Also ech kucken se all Daag, an wann ech loscht hun, kucken ech eng vun deenen folgen dei ech op mengem Pc drob hun!
Muss soen et mecht zimlech Spass se zekucken, well deen Typ einfach nemmen ferekt ideen huet! An dodurch dass en esou bekannt ass, huet den Bam emmer deck dei Connections an kennt iwerall eran wou en well! (en huet d passwuert fier d Playboy Villa)
an schon aleng den Intro ass genial gemach, an dei Musek geet engem net mei aus dem Kapp!
Also: Wien sin er lieblings "Crew Mitglieder" ,wei oft kuckt der dei Sendung, an wat dier eng Foleg wann der am besten ,.. an???
|
mich3l |
25.02.05, 14:20 |
|
Bundesvision - Songcontest
Sou dat war jo mol en Event! Hät net geduecht dass den Raab dat sou grouss geif opzeien! :eek: :eek: :eek:
Zum Resultat kann ech just soen, dass den Gewenner (Juli/Hessen) mech net wirklech wonnert!
Mee dass den Sido sou weit fier geif kommen huet mech schon stark gewonnert!!! Nemmen well dei Peif elo mol seng Mask ausgedoen huet :mad: :mad:
An schued fannen ech och dass Bayern mat Slut souweit hannen loung! Dei hun ech awer bei weitem besser fondt wei verschiddener dei fier mat dobei waren!
wat hut dier dann vun deem ganzen gehal???
|
mich3l |
12.02.05, 23:59 |
|
eSports
[b][size=18]eSports[/size][/b]
Machen emol een Thema iwert eSports ob! Kennen mech metlerweil zimlech domader aus, an wann een froen huet, kann en mer se roueg hei stellen!
Fier den Recht informeieren ech iech dann eben heiansdo wat national an international am eSports leeft!
|
mich3l |
01.02.05, 14:59 |
|
Wo/Man the Fight
[b]Ronn 1[/b] am Geschlechter Kampf! Wat ass mei stark, kann besser autofueren, ass mei schlau, mei schein , ... einfach ween ass dat/deen mei stark(t)/en ! Leed lass an vertriet iech am Kampf, mat gudden Argumenter, an mat Tatsachen wei dass Fraen keen Auto kennne fueren! :p
(ps.: hun dat heiten an engem aneren Forum gesin, an do ass dat ganz gudd ganegn! :D )
|
mich3l |
25.01.05, 13:32 |
|
Most Wanted Games
En neit Thema nemmen iwert dei neisten Spiller, dei nach net eraus sin! An lass:
[b][size=18]Need for Speed: Most Wanted[/size]
9en Deel vun der Serie ungekenecht[/b]
Et ass eraus! Dei beleiwten Rennspillserie kritt een weideren Nofolger. Need for Speed: Most Wanted, sou den Numm, ass no NfS Underground 2 den 9en Deel vun der Serie, an scheint all Problemer vum Fiergänger zeverbesseren. Wei sech et vill Leid gewenscht hun, kommen elo dei aus den 1en Deeler bekannten Verfolgungsjagden mat der [b]Police[/b] nees am Spill fier. Außerdem kann een elo vun Moies bis Owes em all Daageszeit iwert Strecken rennen. Dei schon owieselnd Rennmodusen aus dem Fiergänger gin erweidert: Sou musst der elo [b]"Mautgebür-Statiounen"[/b] offueren oder mat engem Geigner em dei schnellsten [b]Radarkontroll-Foto [/b]rennen. Zesummen mat den aalen bekannten Modusen wei Outrun stin dann insgesamt 8 enerschiedlech Rennvarianten zur Auswahl. Need for Speed: Most Wanted soll niewt dem PC och fier d Xbox, (Xbox2), PlayStation 2, GameCube, Nintendo DS, Playstation Portable und den Gameboy Advance zeitgleich am November 2005 erauskommen!
|
mich3l |
20.01.05, 09:13 |
|
|
|